Groupe

Geschicht vum Grupp

1994 huet d’FNEL mat der Hëllef vum Trupp Melusina vun der AGGL de neie Grupp Fiiss um Zens opgemaach.

D’Fiiss hate nëmme Jongen opgeholl, den Trupp Melusina war fir d’Meedercher reservéiert. D’Aktivitéiten vun deenen 2 Truppen waren gemeinsam, si hu sech Melusina-Fiiss ëmgedeeft, haten och déi selwecht Cheffen, mee fir de Rescht huet jiddereen op seng Onofhängegkeet gehalen. Esou goufen et verschidden Foularden, Uniformen, Komiteeën an och d’Affiliatioun bei zwou Federatiounen.

D’Aktivitéiten vum Grupp si villsäiteg : Sortien, Campën zu Lëtzebuerg an och am Ausland, Visitten, Federalsaktivitéiten, Niklosfeier, an dann och dat alljärlecht Wisefest.

De Fiisschen, d’Zeitung vum Grupp, kënnt reegelméisseg säit 1996 eraus.

1996 hat de Grupp 41 Memberen, am September 2000 gouf et d’Fusioun mat den “Etoiles Européennes”, mir kruten méi Scouten an Wëllefcher, a waren och ganz international ginn.

Leider huet e Mangel u Cheffen dozou gefouert, datt de Grupp kéng Aktivitéiten méi hat no 2005.

An der Tëschenzäit sinn sech déi zwou Federatiounen méi no kommt an d’AGGL huet hiren Terrain um Zens der FNEL zur Verfügung gestallt fir en neien Home ze bauen.

Den alen an baufällegen Chalet vun de Melusina huet der neier Konstruktioun misse Platz maachen, ënner der Konditioun datt e Sall an deem neie Gebai fir e lokale Grupp misst virgesi sinn.

Mee 2013 bei der Aweiung vum Siège, war d’FNEL stolz den Neiufank vun de Fiiss matzedeelen, dëst ënner der Leedung vun zwou professionelle Cheftainen vun hinnen.

A well ons Wëllefcher méi al gi sinn an d’Zäit fir si kommt ass d’Branche ze wiesselen, funktionéiert elo vu September 2015 un och eng Scoutsbranche.

2022 gouf et dunn Zäit fir och eng Explorerbranche an ze féieren.

EVENEMENTS MARQUANTS POUR L’IDENTITÉ ET L’HISTOIRE DU GROUPE:

Le groupe Fiiss du Cents a été fondé en 1994 par la FNEL dans le but d’une collaboration étroite avec la troupe Melusina de l’AGGL. Les Fiiss n’acceptaient que des garçons, alors que la troupe Melusina était réservée aux seules filles. Adoptant le nom de Melusina-Fiiss, le groupe organisait des activités communes aux filles et aux garçons mais pour le reste chaque entité conservait son indépendance au niveau uniforme, foulard, comité et affiliation.

Les activités du groupe sont nombreuses: sorties, camps au Luxembourg et à l’étranger, visites, manifestations fédérales, fêtes St. Nicolas, et plus particulièrement les fêtes champêtres annuelles “Wisefest”. “De Fiisschen”, périodique du groupe, paraît régulièrement dès 1996.

En 1996, le groupe comptait 41 membres actifs. En septembre 2000, le groupe a vu ses effectifs renforcés en intégrant le groupe des “ Etoiles Européennes “. Faute de chefs prenant la relève, le groupe dut malheureusement cesser ses activités dès 2005.

Entretemps, les deux fédérations s’étaient rapprochées et l’AGGL avait mis son terrain du Cents à la disposition de la FNEL pour l’édification de son nouveau siège.

L’ancien chalet de Melusina dut céder la place à la nouvelle construction, qui à côté des aménagements réservés à la fédération comprend également une salle séparée pour le groupe local.

Profitant de l’inauguration du siège en mai 2013, le groupe fut relancé avec la branche des louveteaux sous la direction de deux cheftaines de la FNEL.